Entweder als normale Crowdfunder fir 40 €, da kriss du um Enn vun dëser Aktioun, also an der grousser Vakanz zirka, e flotten EDM-Stick mat allen Episoden an exklusivem Bonusmaterial. Oder awer du sees, ech gehéiren zum bessere Wouscht, ech sinn Elite, an ech well eppes Spezielles, da kriss du nach e superexklusivt Fanbuch, mat déngem Numm, fir dénge Frënn ze weisen. An dat kascht nëmmen 125 €.
Zousätzlech kritt all Crowdfunder Zougang zur Cantina, eisem Wellness-, Bonbon- a Shoppingberäich (ass am Moment nach an der Constructioun, et kann een awer schonn op d'Bauplaatz, mir bieden em e bësse Gedold).
ELO GANZ NEI: d'Optioun fir den aarme Student. Fir 20 € kanns du dir Zougang zur Cantina erschläichen an eis dengem Portmonni gerecht ënnerstëtzen!
Zum Präis, an zur Transparenz:
eisen Team schafft pro Sendung 150-200 Stonnen, eis Direktioun bezillt 10 € d'Stonn, dat mëcht bei 6 Episoden also 9 Mille, wa mer also 100-200 Sticken ofsetzen, a mir Iech nach e bësse Merchandising undréinen, an eis dann nach eventuelle Sponsor angelen (mir hun esou vill Pubfläch hei um Site), da kéint dat eventuell sou just opgoen. Kréie mer net genuch fir 6 Episoden, hutt der méi Plaatz um Stick! A wa mer méi anhuelen, diskutéiere mer an der Cantina wat mam Geld soll geschéien.